Eis trei Sponsoren

Eis trei Sponsoren

E Fräiliichtspektakel ass eng opwänneg Produktioun, wou d’Preparative schonn e Joer virdrun ufänken. Mir kënnen houfreg sinn dass eis trei Sponsoren eis och no dëse mi schwéiere Joren net am Plang loossen, an eis weiderhin trei zur Säit stinn. Ouni hier finanziell Hëllef wier och dës 15. Produktioun net ze stemmen. E grousse Merci hinnen all !

MOMA Schräinerei              Ets Weisgerber et fils         Lalux Assurances Jacoby-Wampach       

 Peintures Elsen                       Am Stall – de Fouerrestaurant                Banque internationle du Luxembourg

 
Videoreport asbl           Constructions Maréchal                    opti-vue                    Réidener Schwämm

E Sonndeg ass e grousse Moment. Traditionell ass ëm Nationalfeierdag bei eis deen 1. Filage, dat heescht, mir setzen di ageprouften Zeene fir d’éischt eng Kéier all hannereneen….a loossen eis iwwerraschen.

Et ass och dee Moment wou mir all eis Memberen invitéieren, di ronderëm eng Hand mat upaken, fir mat hinnen zesummen no vir ze kucken an eis op di nächst spannend Wochen ze freeën. Di nächst Woch weise mir iech e puer Andréck. Mir si selwer gespaant.

Wann dir nach keng Plaze reservéiert hutt, da kënnt dir dat weider maachen um 671 222 224 oder iwwer eisen Online Reservatiounsformulär hei um Site (Rubrik Reservatioun).

Gespillt gëtt tëschent dem 21. Juli 2022 bis den 30. Juli all Kéier ëm 21.00 Auer am Prommenhaff zu Groussbus. Fir Iessen an Drénken ass um Site selwer beschtens gesuergt. Och eis 2 Restaurateuren am Duerf maachen sech eng Freed doraus, iech virum Spektakel de Mo ze stäipen

tries