De Revisör (2017)

eng Grotesk a 5 Akten vum Nikolai Gogol

Regie an Iwwersetzung: Claude Mangen

“Man soll den Spiegel nicht schelten, wenn er eine Fratze zeigt”

Dem Nikolai Gogol säi Koméidistéck vun 1836 ass eng batterbéis Kritik un enger korrupter Politik, eng Gesellschaftsfarce, déi Gurmangsegkeet a Verlugenheet am Grousse wéi am Klenge lächerlech mëcht !

An enger klenger Stiedchen “vergiess a verluer um Enn vun der Welt“ stiechen s’all ënner enger Decken. Eng Hand wäscht déi aner. Am Spidol wuchert den Dreck bis op de Gank. De versoffene Schreiwert uerteelt um Geriicht wéi et em an de Kapp kënnt, därbants de Riichter op d’Juegd geet. Justiz, Post, Schoul- a Gesondheetswesen, all si se korrupt bis op d’Schanken.

Si verjuppen, verspillen a verspekuléieren d’Suen déi se vum Stat kréien. Am Fong kéint et sou viru goen wa net op eemol de Revisör kéim ! Et heescht de Revisör wier inkognito ënnerwee. De Beamten a politesch Responsabelen, virop dem Buergermeeschter geet de Wapp.

Em déi nämmlecht Zäit logéiert e jonke Bonvivant vu Péitersbuerg am Duerf. Zanter zwou Woche lieft en op Puff a well se hie fir de Revisör halen, gëtt en zerguttst bestach. Déi Sue kommen deem jonke Profitör grad richteg, an en dreift säi Spillche bis op d’Spétzt.

Korruptioun a Vetternwirtschaft hunn iwwerlieft, genee wéi dem Nikolai Gogol säi Verwiesselungsstéck, dat méi aktuell ass wéi jee. Politskandaler, Bestiechung,  öffentlech Gelder déi verontreit ginn, politesch Systemer déi zesummekraachen, et vergeet keen Dag wou net eng Sau duerch d’Duerf gejot gëtt.

Iwwersetzung a Regie: Claude Mangen

Produktiounsleedung: Christiane Thommes

Regieassistenz: Viv Meintz

Kostümer: Sylvie Hamus

Kostümassistenz: Henriette Hengen

Choreographie: Steven Klopp a Manon Jaeger

Beliichtung: On Stage Light

Gespillt gouf den 20., 21., 22., 25., 26., 27., 28. an 29. Juli 2017 um 20.30 Auer zu Groussbus um Site vum Prommenhaff.

Download Flyer

« of 2 »