Till Eilespiggel (2005)

7. grousse Fräiliichtspektakel de 20., 21., 22., 23., 27., 28., 29., an 30. Juli 2005 am Prommenhaff zu Groussbus

Till Eilespiggel (2005)

Den Till ass keen onbeschriwwent Blat, en ass bekannt ewéi ee gringen Hond, et kennt ee seng Spiichten, an et zitéiert ee gäre Spréchelcher, ewéi deen hei «Den Alter geet vir» sot den Eilespigel, dunn huet e seng Bom d’Trapen a gehéit.?

Wee war deen Till da wierklech ? Huet e gelieft, oder ass et nëmmen eng erfonnte Figur? Sëcher béides. En ass e bësse Realitéit an e bësse vill Fiktioun.

Den Till gëtt et a ville verschiddene Versiounen. Mol als Harlekin a Clown, dee vu Stad zu Stad zitt fir den Uz mat de Leit ze maachen, mol als dem Kinnék säi Spaassvull, deen dem Här d’Wouerecht duerf soe wa keen anere sech traut. E mëcht de Geck mat den Institutiounen, deene kierchlechen a weltlechen, awer och mat de Leit déi zevill guttgleeweg sinn, an dofir op seng Spiichten erafalen. Den Till kann nëmmen an enger Gesellschaft grouss ginn an iwwerliewen, déi sech ouni vill z’iwwerleeën, hannert d’Liicht féiere léisst. Esouguer wann den Till de Leit säi Spigel virun d’Nues hält, da laachen se driwwer, well se sech net selwer dran erëm erkennen. Eréischt wann e scho laang iwwer Bierg an Dall ass, mierken se, ween do erëm de Geck mat e gemeet huet.

Och wann déi meescht vu senge Spillercher kannerech an naiv eriwwer kommen, a wann een sech ka froen: «Wat gëtt et dann do ze laachen»?, dann ass et wierklech net ëmmer fir ze laachen, mä fir sech un de Kapp ze gräifen. Well jiddereen ass jo der Meenung, esou wéi den Till sech behält, an dat wat hien do opféiert, dat hätt net vill mat der Realitéit ze dinn. Bis een da selwer an esou ee Flapp trëppelt, deen hien dohinner getesselt huet. Duerno schwätzt ee léiwer net méi dervun. Do huet sech bis haut net vill geännert. Just datt déi modern Uschësser net méi Till Eilespigel heeschen.

Text: Jemp Schuster

Regie: Clod Thommes

Assistenz: Christiane Thommes-Bach

Dekor a Kostüm: Schankemännchen Asbl

Luucht: On Stage Light