Raten (2019)

Raten (2019)

Fräi Iwwersetzung an Adaptatioun op Lëtzebuerger Verhältnisser vum Gerhart Hauptmann sengem Theaterstéck “DIE RATTEN”

Och 2019 bréngt de Schankemännchen erëm e Klassiker an de Prommenhaff zu Groussbus op d’Bühn.

Den Theaterdirekter August Faxmeier huet säin Theater an der Stad missen opginn. En huet säi Fundus gerett a sech am Hotel Bon Repos um Duerf niddergelooss. Hei prouft e weider mat senge Schauspillschuler, an hofft drop, erëm eng Kéier e richtegen Theater kënnen opzemaachen.

D’Anna Hannersteen hält him alles an der Rei. Hire Mann, de Victor, ass Trucker, a vill ënnerwee. Si haten e Kand, dat awer no e puer Deeg gestuerwen ass, an hätten erëm gär eent. Et klappt awer net. D’Olga Ivanova, dat sech eng Kéier am Victor sengem Camion verstoppt hat, an esou mat him iwwert d’Grenz aus der Ukrain op Lëtzebuerg komm ass, erwaart e Kand, dat et net wëllt. D’Anna keeft him et of, fir de Victor gleewen ze dinn, et wier hiert Kand. Awer d’Olga kritt Gewëssensbëss, a wëllt säi Kand erëmkréien. Elo fäert d’Anna, et géif alles opfléien. Et sicht verzweiwelt en Auswee!

1911 huet de Gerhart Hauptmann “DIE RATTEN” an aarmséilege Verhältnisser zu Berlin spille gelooss, 2019 hausen dem Jemp Schuster seng RATEN zu Lëtzebuerg. D’Gesellschaft huet sech verännert, awer d’Rate bleiwen nach ëmmer Raten, egal vu wou se hierkommen.

Gespillt gouf wi all 2 Joër am Prommenhaff zu Groussbus di 2 lescht Wochen am Juli. D’Première wor Donneschdes, den 18. Juli 2019. Weider Datumer: 19.7, 20.7, 23.7, 24.7, 25.7, 26.7 a 27.7 2019.

Iwwersetzung a Regie: Jemp Schuster

Produktiounsleedung: Christiane Thommes

Regieassistenz: Dominique Engeldinger

Kostümer: Annette Betz-Olinger, Céline Bijleveld

Musek: Georg Friedrich Händel

Beliichtung: On Stage Light