um kale Räis (1997)

3ten Historesche Festival zu Groussbus de 17. 18. 19. 23. 24. 25. a 26 Juli 1997

um kale Räis (1997)

Déi éischt Joere vum 19. Joerhonnert si keng gutt. Esou kuerz no der Franséischer Revolutioun geet et de Leit keen Zant besser wéi virdrun. Hongersnout a Krankheet, Misär a Kannerstierflechkeet zwénge vill arem Baueren, Hab a Gutt ze verkafen an sech op de Wee an den Eldorado ze maachen.

Brasilien heescht dat neit Wonnerland. Do kritt een zing mol de Wäert vun deem erëm, wat een heiheem verkaaft huet. Speziell Agente probéieren nach zousätzlich, de Leit dat Blot vum Himmel ze verspriechen.

Dat Wonner hält awer net laang un. 1828 ginn d’Grenze vum Keeserräich Brasilien zougemeet, d’Äuswanderer vu Lëtzebuerg, déi zu Bremen op d’Schëff wollten, sti virum Näischt. Esou kënnt et, datt se sech erëm op den Heemwee musse maachen, méi arem wéi virdrun. Se sëtzen elo fir zergutts tëschent zwee Still.

Zanter dem Oktober 1827 hausen d’Doléiner Jemp Heinen, Mett Arend a Jeng Goerens an de Hecken um Kale Räis. Schonn e puer Mol kruten se vum Buergermeeschter an de Scheffe vu Wahl gesot, se missten déi Braken erëm ewech rappen. Se stéieren sech awer net drun. Wéi dunn am Summer 1828 déi Eischt «Brasilianer» sech och hei nidderloossen, entsteet um Kale Räis eng wëll Usiedlung, déi zwar ëmmer ërem verbuede gëtt, awer ni méi ze verhënneren ass. De Grondsteen vu Gréiwels ass geluecht.