Schnéibonzel Kuederwittchen (2015)

flyer_frontD’Kannerekipp vum Schankemännchen huet Uganks Januar 2015 e flott Kannermärchen “Schnéibonzel, Kuederwittchen gespillt.

Do ass emol fir unzefänken e Kinnek vu 700 Joer. Dee mengt, alles a jidderee misst esou sprange wéi hie päift. Hien ass a sengem Alter net méi gutt zu Fouss, awer amplaz sech doheem an d’Fotell ze tesselen, wëllt hien elo eng Fra fir en ze stäipen.

Grad ewéi wann d’Fraen nëmmen dorop gewaart hätten. Säin Dénger bréngt him, amplaz vun enger Fra, e Sak mat engem komesche Bengel dran. De Kinnek weess net, wat en dermat soll ufänken. Awer de Kueder mat de Stiwwele weess et.

A wann dann och nach eng Hex opdaucht, déi dem Kueder seng Stiwwelen, an dem Kinnek säi Bengel wëllt ausprobéieren, wann dem Hänsel seng Schwëster Gréidel beim Rabonzel muss an der Kiche schaffen, an dem Schnéwittche seng Stéifmamm gëfteg Lëppestëfter verkeeft, da mussen déi siwen Zwergen dem Kinnek zur Hand goen, soss kënnt deen net méi aus deem Duercherneen an der Mäerchekéscht eraus.

Regie: Lydie Arendt, Nathalie Gremling, Gaby Mack
Musek: Balli Baldauff
Kostümer: Annette Olinger

Et hu mattgespillt:

Emely Albers, Neele Albers, Yann Albers, Milly Elcheroth, Julie Engel, Len Faber,
Max Faber, Laurie Kemmer, Mathis Kemmer, Pol Lehners, Lynn Olinger, Tun Pletschette,
Anna Remiche, Tun Schon, Anna Schreiber, Mett Schreiber an Alexandra Turpel.