Blutt oder Schokela (2017)

De Vlad e klengen Vampir huet sech ofgewinnt Blutt ze drénken an ass Vegetarier ginn. Op der Sich no Frënn begéint hien dem Almar, engem Vampir dee bleiwe wëll wéi en ass an eng spannend Geschicht fänkt un. Begleet vun Elfen, engem gudden Zauberer, enger béiser Hex a a nach ganz villen anere Leit muss de Vlad sou muenches matmachen.

29 Kanner tëschent 3 an 17 Joer stungen am Januar 2017 zu Groussbus am Festsall op der Bühn fir iech dës nei Geschicht ze erzielen.

Regie: Lydie Arendt, Michèle Gleis, Nathalie Gremling, Gaby Mack

« of 2 »