Meng Mamm ass de Sheriff (2007)

8. grousse Fräiliichtspektakel de 18., 19., 20., 21., 25., 26., 27. an 28. Juli 2007 am Prommenhaff zu Groussbus

Meng Mamm ass de Sheriff (2007)

Mir sinn am Joer 1890 zu Rabbit Town iergendwou am Wëlle Westen. Hei liewen e puer Lëtzebuerger Äuswanderer, deenen hire groussen Dram vum Gléck an der Neier Welt net an Erfëllung gaangen ass. Vill méi schlëmm hätt et net kënne kommen. Rabbit Town ass amgaang äuszestierwen, well déi lescht Fra äus deem Kaff gestuerwen ass.

D’Männer sinn elo ganz eleng, a scho sinn anerer do, déi dervu profitéieren. D’Dalton Bridder, déi d’Géigend onsëcher maachen, hunn sech zu Rabbit Town breet gemeet. Se hunn de Sheriff opgehaang, a waarden op Verstäerkung.

Wann déi kënnt, da gesäit s’awer ganz anescht äus, wéi si sech se virgestallt haten. Well de Cable een Telegramm eräus geschéckt hat, vun deem keen zu Rabbit Town eppes wosst. Net de Cash-Mayor, net de Woody, net den Digger, net de Shaker, an och net de Reverend.

An esou falen s’äus alle Wolléken, wéi op eemol e ganzen Trapp Fraleit opdäucht. Si soen, se kéime fir Rabbit Town virum äusstierwen ze retten. D’Männer si vun esouvill Fraepower iwwerfuerdert, well do sinn der e puer drënner, déi an där Zät eng wichteg Roll an der Geschicht vun den USA gespillt hunn.

D’Victoria Woodhull ass déi éischt Fra, déi sech als Kandidatin fir d’Presidentewalen opgesat hat, d’Carrie Chapman ass eng Fraerechtlerin, an d’Calamity Jane ass och keent, dat sech hannert e Mann verstoppe geet. D’Jane gëtt zum Sheriff ernannt, an déi éischt déi mussen dru gleewen, sinn d’Dalton Bridder.

D’Fraen iwwerhuelen d’Regiment, an d’Männer kréie kee Fouss méi op de Buedem. Ass dat elo d’Rettung, oder den definitiven Ënnergank vu Rabbit Town ?

Text: Jemp Schuster

Regie: Clod Thommes

Musék: Frank Möller

Kostumer: Sylvie Hamus a Cristina Kneip

Beliichtung: On Stage Light

Dekore: de Schankemännchen asbl

« of 2 »