Besuch (2013)

Besuch Flyer WEBD’Asbl “De Schankemännchen” vu Groussbus feiert 2013 säin 20. Gebuertsdag. Wéi am Joer 1993, beim Ëmbau am ale Prommenhaff, den éischte Fräiliichtspektakel zu Groussbus opgefouert ginn ass, war d’Begeeschterung grouss, an den Asaz huet sech rentéiert. Keen hätt geduecht, datt et esou eng Erfollegsgeschicht géif ginn. De Schankemännchen ass haut e Begrëff am ganze Land, an et sinn der nach e puer vun deenen “Ale” vun deemools derbäi, fir dëst Joer dat 11. Stéck op d’Brieder an op de Pawee vum Prommenhaff ze brëngen.

Et ass awer och dëst Joer fir d’Eischt, datt e Klassiker gespillt gëtt, e Stéck dat net extra fir de Schankemännche geschriwwe gouf. No 10 Stécker vum Jemp Schuster, vum “De Schankemännchen”, dat Stéck, dat dem Veräin säin Numm ginn huet, bis zum “An de Labränten”, sinn historesch, sozialkritesch a mythologesch Themen ugeschwat ginn. Dést Joer kënnt mam Friedrich Dürrenmatt “Der Besuch der alten Dame” un d’Rei. Et heescht einfach : BESUCH.

Et gi jo Leit, op déi ee sech freet, déi ee gär op Besuch huet, déi een esouguer regelméisseg aluet. An da gëtt et déi aner, déi op eemol un der Dier schellen, déi einfach esou erantrëllen, an net méi heem ginn. Déi wëllt ee guer net gesinn, awer et kann een s’och net einfach esou erausgeheien.

Beim Dürrenmatt geet et nach ëm e ganz anere Besuch. Et ass schonn éischter en Iwwerfall géint dee kee sech wiere kann. E ganzt Duerf gëtt mat Suen zougetippt. Awer net einfach esou. Déi “Spend” huet e verdäiwelte Klompfouss. De Mënsch ass keeflech, an d’Geld verdierft de Charakter, awer et kann engem och de Verstand huelen.

De Jean-Michel Treinen huet d’Stéck iwwersat, an de Jemp Schuster huet et dramaturgesch fir de Prommenhaff a Form bruecht. D’Regie mëcht de Clod Thommes, d’Musek ass vum Frank Möller, d’Kostümer komme vum Sylvie Hamus an der Bitzstuff beim Annette, d’Beliichtung mëcht On Stage Light, Intercoiffure Carine ass fir d’Coiffuren an de Maquillage zoustänneg, an d’Christiane Thommes mëcht zesumme mam Viviane Meintz d’Regieassistenz.

Gespillt gouf am Prommmenhaff zu Groussbus, den 18. 19. 20. 23. 24. 25. 26. a 27. Juli 2013 ëm 21.00 Auer.