Crash (2003)

6. grousse Fräiliichtspektakel de 17., 18., 19., 20., 23., 24., 25. a 26. Juli 2003 am Prommenhaff zu Groussbus

Crash (2003)

Mir sinn am Joer 1969.

Moundlandung, Studenterevolutioun, Vietnamkrich, Antiamerikanismus, Che, Mao, Baader-Meinhof. Jimi Hendrix, Beatles, Rolling Stones. Laang Hoer an enk Boxen, Minijupen an toupéiert Hoer. Hipi Zäit, Flower Power. Make LOVE not WAR.

Bei der Aweiung vun der Schankemännche-Skulptur, féiert d’Jugend äus dem Duerf dem Brecht säin Theaterstéck “Der Jasager und der Neinsager” op. Déi aner Veräiner wëllen do net ze spéit kommen, an esou gëtt déi Aweiung zu enger Performance héichstiliséiert. Dee Schankemännchen, deen sech ni am Duerfliewen integréiert huet, deen ëmmer seng eege Weeër gaangen ass, dee klenge Spëtzbouf äus der Griecht, gëtt op e Sockel gehuewen.

CRASH weist de Broch mat enger Gesellschaftsuerdnung déi ofgedankt huet. D’Jugend revoltéiert sech géint déi al verstëbste Strukturen. Déi Al fillen sech entweder iwwerrannt, oder se probéiere méi “in” ze sinn wéi hir Kanner. Dat geet natierlech schif.

CRASH spillt an enger Zäit déi d’Gesellschaft am leschte Joerhonnert méi radikal verännert huet ewéi zwee Weltkricher virdrun. No all Krich ass erëm probéiert ginn, dat Aalt nei opzebauen. No ’68 war wierklech näischt méi wéi virdrun. An dach mengt een haut, d’Geschicht vun deemools géif sech alt erëm widderhuelen. Den neie Vietnam Krich ass am Irak duerchgezu ginn, an d’Nowéie wäerten nach kommen. Deen nächsten ass programméiert. Alt erëm eng Kéier: näischt bäigeléiert!

Text a Regie:Jemp Schuster

Assistenz:Christiane Thommes

Kostümer:Cristina Kneip a Peggy Wurth

Coiffuren:Coiffure Mady, Schrondweiler