Eng Oper fir 5 Sou (2015)

Oper5Sou_Plakat7b2015 war d’Dose voll. Déi 12. Produktioun vum Schankemännchen, op der Fräiliichtbühn am Prommenhaff zu Groussbus, heescht: Eng Oper fir 5 Sou. Dem Brecht säi Stéck “Die Dreigroschenoper” muss net méi virgestallt ginn. Hei gesi mer dat Wierk elo fir d’éischt an enger lëtzebuerger Iwwersetzung vum Jemp Schuster. Wéi de Brecht seng Oper fir arem Leit, déi sech keng richteg Oper kënne leeschten, 1923 geschriwwen huet, dunn hat en sech un enger aler Virlag inspiréiert.

Den Original heescht “The Beggar’s Opera” vum engleschen Auteur John Gay, a spillt zu London am Joer 1728. “Die Dreigroschenoper” ass virun allem bekannt duerch seng Lidder, déi de Kurt Weill geschriwwen huet. Och verschidde Personnage sinn e Begrëff: De Mackie Messer, de Peachum, d’Spelunken-Jenny oder dee korrupte Polizist Brown. Déi fanne mer all an der Oper fir 5 Sou erëm, an et muss een oppassen, fir se net mat nationalen oder lokale Gréissten ze verwiesselen. Dat ass awer da puren Zoufall.

De Schankemännchen huet d’Chance mat dräi super Museker an dëser Produktioun zesummen ze schaffen: De Marion Michels, Martin Folz a Claude Kraus, di d’Spiller a Sänger live op der Fräiliichtbühn begleeden. Déi ganz Ekipp vum Schankemännchen gëtt vun hirem Regisseur Clod Thommes an dat richtegt Liicht gesat. Hei muss kee sech verstoppen, well wéi seet de Brecht: Die im Dunkeln sieht man nicht.

IWWERSETZUNG : JEMP SCHUSTER
REGIE: CLOD THOMMES
MUSEKER: MARION MICHELS / MARTIN FOLZ / CLAUDE KRAUS
KOSTUMER: SYLVIE HAMUS
BELIICHTUNG: ON STAGE LIGHT
REGIEASSISTENZ: CHRIST THOMMES / VIV MEINTZ
COIFFURE: INTERCOIFFURE CARINE

Gespillt gouf de 16. 17. 18. 21. 22. 23. 24. 25. Juli 2015 ëm 21.00 Auer

« of 2 »