Kannertheater

DSC_1544

De Schankemännchen ass e Veräin deen zënter jeehier op vill Jugend a Kanner kann zréckgräifen. Dës Jugend ass d’Zukunft vun eisem Veräin. An deene grousse Produktiounen am Summer kommen si heiandsdo leider ze kuerz. Dofier hu mir als Schankemännchen decidéiert fir hinnen eng aner, zousätzlech Bühn ze ginn, an hu sou d’Méiglechkeet hir Talenter besser ze förderen. An dëse Kannerproduktiounen stinn da just di kleng Schankemännercher op der Bühn, déi hinnen während deene Produktioun ganz aleng gehéiert. Am 2 Joresrythmus stinn Uganks Januar dann ëm di 20 bis 3 Kanner an Jugendlicher op der Bühn fir ze weise wat se kënnen.

Bis lo hu mer an deem Kader 4 Produktiounen gehat: Kikeri Kiwi (2013), Kuederwittchen Schnéibonzel (2015), “Blutt oder Schokela” (2017), an “De Schatz vu Stëbsebuerg” (2019).