De Klunibald huet zougespaart (2009)

De Klunibald huet zougespaart (2009)

Zanter e puer Joer boomt de Mëttelalter zu Lëtzebuerg. Iwwerall wou nach e puer al Maueren d’Zäit iwwerlieft hunn, dreiwen sech am Summer komesch verkleete Gestalten erëm, a spillen déi gutt al Zäit op Ritterfester no. Männer zerklappen sech, Joffere stelle sech schimmeg, a Maartleit maachen hir Geschäfter mat allerlee Kreemchen. Dat ass alles schéin a gutt, awer esou war et guer net.

Déi vum Schankemännche weisen an hirem neie Stéck « De Klunibald huet zougespaart » wéi et wierklech war. Déi Zäit hunn zwou bedäitent Herrschafte matenee rivaliséiert. Den Här vum Groe Steen zu Groesteen mat senge véier Bouwen, an d’Madame vum Roude Fiels mat hire véier Meedercher.

Den Här vum Groe Steen hat déi brutal Gewalt op senger Säit. Den Henker Pitti Bulli war dee schrecklechste Folterkniecht deen de Mëttelalter je gesinn hat. An de Bulli huet net gezéckt fir duerchzegräifen.

D’Madame vum Roude Fiels hat d’Dugend an d’Onschold a Persoun un hirer Broscht geniert. Et konnt een sech net virstellen, datt déi nobel Meedercher och nëmmen ee béise Gedanken ënnert hire weide Räck verstoppe géifen. Dofir huet de Klunibald, hire Momper, scho gesuergt. Well de Klunibald, déi moralescht héchst Instanz wäit a breet, deen hat de Schlëssel vum Himmel op dëser Äerd. Awer deen Himmel hat hien zougespaart. Véier Mol. Klick, klack zou, an awer war keng Rou.

D’Jonge vum Groe Steen wollten ëmmer erëm bei d’Meedercher vum Roude Fiels an den Himmel klammen. An do wou e Wëllen ass, do ass och e Wee.

D’Asbl « De Schankemännchen » hëlt Iech mat op dee Wee. A wann et am Prommenhaff zu Groussbus och nëmmen e puer Meter sinn vum Groe Steen bis op de Roude Fiels, da sinn se dach annerhallef Stonn ënnerwee. Well se maachen e klengen Ëmwee deen doutsécher net langweileg gëtt.

Et ass eng wouer Geschicht äus der Ritterzäit, iwwert jonk Meedercher mat eise Boxen, a jonk Männer op der Sich nom richtege Schlëssel.

Text: Jemp Schuster

Regie: Clod Thommes

Assistenz: Christiane Thommes

Musék: Frank Möller

Kostumer: Sylvie Hamus a Cristina Kneip

Toun a Beliichtung: On Stage Light

Dekore: de Schankemännchen asbl