An de Labränten (2011)

“An de Labränten” vum 20. bis den 30. Juli 2011 zu Groussbus am Prommenhaff

An-de-labraenten_webFir déi 10. Produktioun vum Fräiliichtheater am Prommenhaff zu Groussbus ass d’Ekipp vum Schankemännchen ganz wäit zrécck an d’Geschicht. No Stécker äus der Duerfgeschicht, nom Kale Räis an dem Geckege Joer, no Raiberpistoulen a Ritterturnéier, nom Wëlle Westen an dem 68er Crash, nom Steis, nom Hanni an nom Eilespigel si mer an der griichescher Mythologie ukomm.

Hei läit den Zeus mam Poseidon am Clynch, hei moossen sech Fabeldéieren wéi de Minotaurus mat jonken Helden wéi dem Theseus. Hei wëllt de Kinnek Minos dee gréisste sinn, an hei fält den Ikarus vum Himmel, well en der Sonn ze no komm ass.

Vum Poseidon senger Ënnerwelt am Mier, bis op dem Zeus säin Olymp ass alles vertrueden wat d’Fantasi ze bidden huet. Tëschent Himmel an Hell ass näischt onméiglech.

Awer do läit eng Äerd mat Mënschen, an esou e Mënsch kann emol déck an d’Labränte kommen, wann en de groussen Held wëllt spillen, a wann ee wëllt sinn wéi déi do uewen.

Wann d’Mënschen net mat Blëtz an Donner kënnen optrieden fir sech Respekt ze verschafen, da bréngen s’et awer ëmmer erëm fäerdeg, déi gëttlech Pläng mat Witz ze duerchkräizen.

Ier den Theseus sech am Labyrint verleeft, ier en also an d’Labränte kënnt, gëtt d’Ariane him säi Fuedem mat. Déi Geschicht ass bekannt, awer ronderëm dee Fuedem spannen sech eng ganz Rei aner fantastesch Geschichten, mat faarwege Figuren, déi an dësem 10. Fräiliichtspektakel an engem spektakulären Dekor optrieden.

Text: Jemp Schuster

Regie: Clod Thommes