De Schankemännchen
vu Groussbus
Kaum ze gleewen…Iwwer 30 Joer Schankemännchen leien hannert eis, méi wéi e Véierelsjoerhonnert. A nawell si mir dees Theater nit midd, ganz am Géigendeel !
Iwwer eis
D’Schankemännchen a.s.b.l. ass 1993 gegrënnt ginn a krut deemools deeselwechten Numm wéi dat 1. Theaterstéck, dat mir zu Groussbus am Prommenhaff opgefouert hunn.
Geschicht
Et war schonns eppes ganz Neies an Aussergewéinleches, wat sech Enn Juli an der Gemeng Groussbus zougedroen huet : En Historesche Festival, genannt nom ‘Schankemännchen’, enger Soefigur aus der Bousser Geschicht.
Dësen éischte Fräiliichtspektakel gouf op Impuls vum deemolege Schäfferot lancéiert, deen e spezielle kulturelle Kader fir d’Aweiung vum neie Kulturzenter wollt schafen. D’Iddi vun engem Theaterstéck ass entstanen an de Jemp Schuster, e gebiertege Groussbusser, war vun dësem Projet begeeschtert. Hien huet sech voll engagéiert, en Theaterstéck geschriwwen a mat 80 Schauspillerinnen a Schauspiller, ënner fräiem Himmel, op enger grousser Bühn, mat historeschen Dekoren, Kostümer an Accessoiren inszenéiert. Nom grousse Succès vun dësem Fräiliichttheater huet d’Schankemännchen a.s.b.l. sech et nit huele gelooss, all 2 Joer op e Neits e Spektakel op d’Been ze stellen.
Geschicht
D’Schankemännchen a.s.b.l. ass 1993 gegrënnt ginn a krut deemools deeselwechten Numm wéi dat 1. Theaterstéck, dat mir zu Groussbus am Prommenhaff opgefouert hunn. Et war schonns eppes ganz Neies an Aussergewéinleches, wat sech Enn Juli an der Gemeng Groussbus zougedroen huet : En Historesche Festival, genannt nom ‘Schankemännchen’, enger Soefigur aus der Bousser Geschicht.
Dësen éischte Fräiliichtspektakel gouf op Impuls vum deemolege Schäfferot lancéiert, deen e spezielle kulturelle Kader fir d’Aweiung vum neie Kulturzenter wollt schafen. D’Iddi vun engem Theaterstéck ass entstanen an de Jemp Schuster, e gebiertege Groussbusser, war vun dësem Projet begeeschtert. Hien huet sech voll engagéiert, en Theaterstéck geschriwwen a mat 80 Schauspillerinnen a Schauspiller, ënner fräiem Himmel, op enger grousser Bühn, mat historeschen Dekoren, Kostümer an Accessoiren inszenéiert. Nom grousse Succès vun dësem Fräiliichttheater huet d’Schankemännchen a.s.b.l. sech et nit huele gelooss, all 2 Joer op e Neits e Spektakel op d’Been ze stellen.
Wien ass dann elo de Schankemännchen ?
Tëschent dem Préizerdaul a Groussbus gëtt et eng Plaz déi nennt sech ‘an der Schankegriecht’. Hei soll de Schankemännche säin Onwiese gedriwwen hunn. Dat war an der gudder aller Zäit, wéi d’Leit nach u Geeschter a Gespenster gegleeft hunn, a wéi se sech owes an der Uucht al Spiichte verzielt hunn.
Wat ass elo wouer a wat ass erfonnt? De Schankemännche war sécher kee Rëppegestell, keen Doudegen deen nuets opgestanen ass, fir an d’Duerf ze kommen. Et war e klenge Gauner, een dee vun der Hand an de Mond gelieft huet, a sech dat geholl huet wat e gebraucht huet. Hei eng Ham oder eng Zoossiss aus der Haascht, do e Kabesheed oder e puer Gromperen aus engem Gaart. Dobäi huet en da Kaméidi geschloen, fir d’Leit fäerten ze dinn. Mat wat ? Mat zwéi Bengelen, oder mat sengen hëlze Laatschen, vläicht huet hien och esouguer mat zwou Schanken openee geklappt. An de Schankemännchen hat säin Numm.
Déi al Bousser Leit kënne sech nach gutt erënneren wéi hir Elteren a Grousseltere verzielt hunn, datt de Schankemännche bei hinnen an der Haascht an am Gaart gehaust huet, a jiddereen huet da bei déi Spiichten nach hei an do e bëssen derbäigefléckt, bis et esou wäit komm ass, datt kee méi wousst wat dann elo wierklech derhanner stéich.
Wéi d’Schankemännchen a.s.b.l. am Joer 2003 seng 10 Joer gefeiert huet, wollte mir dem Schankemännchen e Monument opriichten. D’Kënschtlerin Florence Hoffmann huet eng Skulptur geschafen, déi net stomm do steet. Och dee Schankemännche mécht Kaméidi a rabbelt. Et ass eng Klangskulptur, déi e figurative Kapp a Féiss huet, de Kierper besteet aus engem Wandspill. De Schankemännche steet also op senger Éiereplaz virun der Groussbusser Gemeng, a wann e sech geséich, da wier e bestëmmt fatzeg houfreg op sech.

Am Kader vun eisem 10. Gebuertsdag am Joer 2003 huet Florence Hoffmann eng Skulptur vum Schankemännchen geschaf di zu Groussbus virun der Gemeng steet.