Iwwer eis
De Schankemännchen asbl
De Schankemännchen a.s.b.l. ass 1993 gegrënnt ginn a krut deemols deeselwichte Numm wéi dat 1. Theaterstéck, dat zu Groussbus am Prommenhaff opgefouert ginn ass. Dësen éischte Fräiliichtspektakel gouf op Impuls vum deemolege Schefferot lancéiert, deen e spezielle kulturelle Kader fir d’Aweiung vum neie Kulturzenter wollt schafen.
Geschicht
D’Schankemännchen a.s.b.l. ass 1993 gegrënnt ginn a krut deemols deeselwichte Numm wéi dat 1. Theaterstéck, dat mir zu Groussbus am Prommenhaff opgefouert hunn. Et war schons eppes ganz Neies an Aussergewéinleches, wat sech Enn Juli an der Gemeng Groussbus zougedroen huet : en Historësche Festival, genannt nom ‘Schankemännchen’, enger Soëfigur aus der Buusser Geschicht.
Dësen éischte Fräiliichtspektakel gouf op Impuls vum deemolege Schefferot lancéiert, deen e spezielle kulturelle Kader fir d’Aweiung vum neie Kulturzenter wollt schafen. D’Iddi vun engem Theaterstéck ass entstanen an de Jemp Schuster, e gebiirtege Groussbuusser, war vun dësem Projet begeeschtert. Hien huet sech voll engagéiert, en Theaterstéck geschriwwen a matt 80 Schauspillerinnen a Schauspiller, ënner fräiem Himmel, op enger grousser Bühn, matt historëschen Dekoren, Kostümer an Accessoiren inszenéiert. Nom groussen Succès vun dësem Fräiliichttheater huet d’Schankemännchen a.s.b.l. sech et nit huele geloss, all 2 Joer op e neits e Spektakel op d’Been ze stellen.
Wien ass dann elo de Schankemännchen ?
Tëschent dem Préizerdaul a Groussbus gët ët eng Plaz déi nennt sech ‘an der Schankegriecht’. Hei soll de Schankemännchen säin Onwiese gedriwwen hunn. Dat war an der gudder aller Zäit, wéi d’Leit nach u Geeschter a Gespenster gegleeft hunn, a wéi se sech owes an der Uucht al Spichte verzielt hunn.
Wat ass elo wouer a wat ass erfond ? De Schankemännchen war sécher kee Rëppegestell, keen Doudegen deen nuets opgestanen ass, fir an d’Duerf ze kommen. Et war ee klenge Gauner, een dee vun der Hand an de Mond gelieft huet, a sech dat geholl huet wat e gebraucht huet. Hei eng Ham oder eng Zoossiss aus der Haascht, do ee Kabesheed oder e puer Gromperen aus engem Gaart. Dobäi huet en da Kaméidi geschloe fir d’Leit fäerten ze dinn. Matt wat ? Matt zwee Bengelen, oder matt séngen hëlze Laatschen, vläicht huet hien och esouguer matt zwou Schanken openee geklappt. An de Schankemännchen hat säi Numm.
Déi al Buusser Leit kënne sech nach gutt erënneren wéi hir Elteren a Grousseltere verzielt hunn, datt de Schankemännchen bei hinnen an der Haascht an am Gaart gehaust huet, a jiddereen huet da bei déi Spiichten nach hei an do e bëssen derbäi gefléckt, bis et esou wäit komm ass, datt kee méi wosst wat dann elo wiirklech derhanner stéich.
Wéi d’Schankemännchen a.s.b.l. am Joer 2003 séng 10 Joer gefeiert huet, wollte mir dem Schankemännchen e Monument opriichten. D’Kënschtlerin Florence Hoffmann huet eng Skulptur geschafen, déi nët stomm do steet. Och dee Schankemännchen mécht Kaméidi a rabbelt. Et ass eng Klangskulptur, déi e figurative Kapp a Féiss huet, de Kierper besteet aus engem Wandspill. De Schankemännchen steet also op sénger Éiereplaz virun der Groussbuusser Gemeng, a wann e sech geséich, da wier e bestëmmt fatzeg houfreg op sech.
Hei e puer Andréck vun der Aweiung am Juli 2003 vun der Skulptur vum Florence Hoffmann
