Hanni, lo hänks de ! (2001)

5. grousse Fräiliichtspektakel vum 18. bis den 28. Juli 2001 am Prommenhaff zu Groussbus

Hanni, lo hänks de ! (2001)

D’Stéck spillt am Joer 1951 zu Groussbus, et kënnt awer och all anert Duerf sinn.

D’Duerfgesellschaft ass amgaang sech ze veränneren. Déi déck Baueren déi ëmmer d’Gechécker vum Duerf geleet hunn, ginn net méi esou wichteg geholl. Déi éischt kleng Betriber mussen zoumaachen, eenzel Bauere ginn op de Minett schaffen. D’Päerd kommen äus dem Moud, a ginn duerch Trakteuren ersat, no an no komme méi Autoen an d’Duerf, et mierkt een d’Verännerung, déi op eemol ze séier viru geet.

Am Duerf ass nach en Zwangsaarbëchter äus dem Krich, den Hanni wéi e genannt gëtt, hänke bliwwen. En ass Kniecht bei engem décke Bauer, an e wëllt och net méi fort.

Fir den 21. Juli 1951 si grouss Feierlechkeeten ugesot. D’Pompjeeën, den eelsten Duerfcorps äus dem Land feiert 100 Joer, an d’Musek huet deen Dag Fändelweih. Am Duerf huet sech en Organisatiounscomité zesumme fonnt, iwwerall ginn Ëierepaarten a Kiosken opgeriicht. Je, et ass eng weider lass am Duerf.

Awer hannert der schéiner Fassad verstoppt sech eng ganz aner Welt. Gestëppels, Duerfbeschass a Vermessenheeten. Déi matt den onschëllege Gesiichter sinn déi schlëmmst, wéi dat dann esou ass. Dovu schwätzt awer keen, et hält een sech léiwer mat onwichtege Klengechkeeten op. Bis d’Jakel, eng Fra Ãäus dem Duerf, dout opfonnt gëtt. Et huet een et ëmbruecht. Elo gëtt e Schëllege gebräucht, an e gëtt och fonnt. D’Feierlechkeete sollen net gestéiert ginn. Den Hanni, dee Friemen, muss de Kapp duerhalen. D’Gendaarmen huelen en emol mat.

Text a Regie: Jemp Schuster

Assistenz: Christiane Thommes