Berlin, 1931.
An de Stroosse vun der däitscher Haaptstad begéinen sech zwee Kanner aus ganz verschiddene Welten. Pünktchen, d’Duechter aus engem räiche Stot, an Anton, dee mat senger Mamm ëm den Alldag kämpft. Wat si verbënnt, ass eng aussergewéinlech Frëndschaft – eng Geschicht iwwer Courage, Zesummenhalt, Matgefill an d’Iwwerwannen vu soziale Grenzen.
Dës beréierend Geschicht vum Erich Kästner huet Generatioune vu Lieser a Spectateure begeeschtert. Och bei eis huet si hire Wee op d’Bün fonnt – an eiser lëtzebuergescher Adaptatioun Tëppel an Tun.
Haut bliedere mir e puer Säiten an eiser Theaterchronik zréck. Mat dëse Retrofotoen huele mir Iech mat hannert de Riddo an zeréck an d’Joer 1931, op Berlin, wou dës onvergiesslech Geschicht hire Laf geholl huet.
Kommt mat eis zeréck an d’Joer 1931, an d’Stroosse vu Berlin – an entdeckt d’Magie vun Tëppel an Tun.
