Filage vum Tëppel an Tun

En 1. Filage ass ëmmer e ganze spannende Moment. Nodeems eis Kanner zanter Méint eenzel Zeene geprouft hunn, ass et dann de Moment fir dat ganzt Stéck eng Kéier duerch lafen ze loossen. Et ass och de Moment fir all eis Leit, déi ronderëm eng Hand mat upaken, zesummen ze ruffen, an nom Filage bei engem Häppchen an engem kille Gedrénks eis op di nächst Wochen anzestëmmen. 

Den Andreas Schindler war mat senger Kamera derbäi an huet e puer Momentopnamen vun dësem Filage opgeholl.

tries