Eis Bünenekipp ass och erëm um Dill

Eis Bünenekipp ass och erëm um Dill

Och dëst Joer spille mir um Site vum Prommenhaff. Eis Bünenekipp ass well fläisseg am gaangen d’Bün opzeriichten. Et kann ee well erkennen, wéi di fäerdeg Bün ausgesäit…

Eis  Regie-Ekipp huet e Plang ausgeschafft. Dëse gëtt dono vun eiser Opriichtekipp ëmgesat.

Dëst Joer sinn eng ganz Rei vun ale Leederween, déi di eenzel Plaze vum Kinnek Ubu sengem Räich duerstellen. Am Hannergrond erkennt een en ale Bësch, deen nawell ellen erofkomm ass. Sou wéi di ganz Gesellschaft ënnert dem Kinnek Ubu senger Herrschaft.

Hei e puer Andréck vun deem wat Iech a ronn engem Mount erwaart…


tries