Eis Bühn fänkt u Form unzehuelen

Eis Bühn fänkt u Form unzehuelen

Och dëst Joer spille mir um Site vum Prommenhaff. Eis Bühnenequipe ass well fläisseg am gaangen d’Bühn opzeriichten. Nach kann een net erkenne wéi di fäerdeg Bühn ausgesäit… mee sou vill ass sécher si wäert  och dëst Joer een zentraalt Element vun eiser Produktioun.

Eis  Regie-Equipe huet e Plang ausgeschafft. Dëse gëtt dono vun eiser Opriichtequipe ëmgesat.

D’Raten hausen an engem delabréierten Hotel, si hänken an der Loft a wëssen nit wouhinner. Si gi nit méi gebraucht. Et ass Villes schief gelaf. Villes schaukelt sech héich. Hiert Liewen ass aus der Bunn geroden, an All wëllen se raus aus dem Ratelach.

Hei e puer Andréck vun deem wat Iech a ronn engem Mount erwaart…

Eis Opriichtequipe am Asaz

e puer Andréck no deenen éischte Wochen Aarbecht

tries