Raten

Fräi Iwwersetzung an Adaptatioun op Lëtzebuerger Verhältnisser vum Gerhart Hauptmann sengem Theaterstéck „DIE RATTEN“

Och 2019 bréngt de Schankemännchen erëm e Klassiker an de Prommenhaff zu Groussbus op d’Bühn.

 

Den Theaterdirekter August Faxmeier huet säin Theater an der Stad missen opginn. En huet säi Fundus gerett a sech am Hotel Bon Repos um Duerf niddergelooss. Hei prouft e weider mat senge Schauspillschuler, an hofft drop, erëm eng Kéier e richtegen Theater kënnen opzemaachen.

 

D‘Anna Hannersteen hält him alles an der Rei. Hire Mann, de Victor, ass Trucker, a vill ënnerwee. Si haten e Kand, dat awer no e puer Deeg gestuerwen ass, an hätten erëm gär eent. Et klappt awer net. D’Olga Ivanova, dat sech eng Kéier am Victor sengem Camion verstoppt hat, an esou mat him iwwert d’Grenz aus der Ukrain op Lëtzebuerg komm ass, erwaart e Kand, dat et net wëllt. D’Anna keeft him et of, fir de Victor gleewen ze dinn, et wier hiert Kand. Awer d’Olga kritt Gewëssensbëss, a wëllt säi Kand erëmkréien. Elo fäert d’Anna, et géif alles opfléien. Et sicht verzweiwelt en Auswee…

 

1911 huet de Gerhart Hauptmann „DIE RATTEN“ an aarmséilege Verhältnisser zu Berlin spille gelooss, 2019 hausen dem Jemp Schuster seng „RATEN“ zu Lëtzebuerg. D’Gesellschaft huet sech verännert, awer d‘Rate bleiwen nach ëmmer Raten, egal vu wou se hierkommen.

 

 

Weider Informatiounen iwwer di nei Produktioun fann dir an deene nächsten Deeg a Wochen hei oder op eisem Facebook site.

 

Dir kënnt lo schonn är Plaze reservéiren iwwer eisen telefon 671 222 224 oder iwwer eise Reservatiounsformulär op dësem Site.