Raten – Iwwer d’Stéck

Raten – Iwwer d’Stéck

Horchen Se, wie det knackt, wie Putz hinter de Tapete runterjeschoddert kommt ! Allens is hier morsch ! Allens faulet Holz ! Allens unterminiert, von Unjeziefer, von Ratten und Mäuse zerfressen ! (…) Allens schwankt ! Allens kann jeden Oochenblick bis in Keller durchbrechen.

Gerhard Hauptmann

15 November 1862 – 6 June 1946

Den 13. Januar 1911 ass am Lessingtheater zu Berlin dem GERHART HAUPTMANN säin tragikomescht Stéck „Die Ratten“ fir d’éischt opgefouert ginn. Et spillt an enger vun deene ville „Mietskasären“ déi et deemools an alle grousse Stied gouf. Et geet ëm kierperlech a séilesch Ofhängegkeeten, ëm Klengkriminalitéit, ëm Aarmut an ëm falsch Dreem.

 

De JEMP SCHUSTER huet dat iwwer 100 Joer aalt Stéck auserneegeholl, iwwersat, an et op Lëtzebuerg an d‘Joer 2019 verplanzt. Och haut an hei ginn et nach ëmmer Leit, déi wéi Raten an hire Lächer hausen, an déi näischt vum Wuelstand an deem räichste Land vun der Welt matkréien. Awer d‘Rate kënne sech un all Situatioun upassen, se ginn och dann nach eens, wann de Mënsch scho laang kapituléiert huet.

 

RATEN ass e Stéck vun haut mat Leit vun hei. Och wann et en aktuellt a brisant Thema behandelt, sou ass et awer keng Tragedie. Et bleift tragikomesch, wéi beim Hauptmann. Schonn eleng deenen eenzelne „kromme“ Personnagen nozekucken, wéi se probéieren, dat Bescht aus all Situatioun ze maachen, ass e Spaass fir sech.

 

Wat geschitt am Stéck?             

 Den Theaterdirekter August Faxmeier huet säin Theater an der Stad missen opginn, well dat Gebai ewechgerappt gëtt, fir e Parkhaus dohinner ze bauen. En huet säi Fundus gerett a sech an Hotel Bon Repos um Duerf niddergelooss.

 

Deen Hotel gehéiert der Immobiliefirma IMMOTOX, där och dat Gebai mam Theater an der Stad gehéiert huet. Am Hotel prouft de Faxmeier weider mat senge Schauspillschüler, an hofft drop, erëm eng Kéier e richtegen Theater kënnen opzemaachen. Dee Mann lieft a senger eegener Welt, a wiert sech géint alles wat nei a modern ass.

 

D‘Anna Hannersteen hält him säi Fundus an der Rei. Dem Anna säi Mann Victor ass en Trucker, a vill ënnerwee. Si haten e Kand, dat awer no e puer Deeg gestuerwen ass, an hätten erëm gär eent. Et klappt awer net.

 

Am Hotel wunnt och d’Olga Ivanova, dat sech eng Kéier am Victor sengem Camion verstoppt hat, an esou mat him iwwert d’Grenz aus der Ukrain op Lëtzebuerg komm ass. D’Olga erwaart e Kand, dat et net wëllt, an d’Anna keeft him et of. Et deet de Victor gleewen, et wier hiert Kand. De Victor fält drop eran, awer d’Olga kritt op eemol Gewëssensbëss, a wëllt säi Kand erëmkréien. Elo fäert d’Anna, et géif alles opfléien. Et sicht en Auswee.

 

Am Keller haust en Trapp Raten, elauter Leit déi aus der Gesellschaft erausgefall sinn, an déi sech selwer net leide kënnen. D’Triny, eng Fra am Rollstull, déi medikamentenofhängeg ass, d’Selma, eng Prostituéiert an Drogéiert, an hir Mamm Sidonie. D’Selma huet e krankt Kand, am selwechten Alter wéi dem Olga säint. 

 

D’Anna vertauscht dem Selma säi krankt Kand mat sengem, (wat jo dem Olga säint ass), fir enger Kontroll aus de Féiss ze goen. Dat krankt Kand stierft awer, an elo stellt d’Anna säi Brudder Bruno un, d’Olga ënner Drock ze setzen, datt dat näischt soll verroden. De Bruno geet ze wäit a bréngt d’Olga ëm. Et kënnt zu enger Razzia, wou d’Anna soll verhaft ginn. De Victor hält net méi zu em, an esou weess d‘Fra keng aner Léisung, wéi sech d’Liewen ze huelen.

 

Wat ass anescht?

 

De Jemp Schuster hält sech zum groussen Deel un d’Original vum Gerhart Hauptmann, och wa säi Stéck an engem anere Milieu an zu enger aner Zäit spillt. Et kënnt eng nei Zort Raten, mat enger aktueller Problematik derbäi. Um Späicher gëtt e Grupp Flüchtlingen illegal ënnerbruecht. Et sinn déi sougenannt Wanderraten. Den Addy Immotox mécht nach säi Profit mat deene Leit, ier alles ewechgerappt gëtt.

 

Hei geet den Emil Bond, Hausmeeschter am Hotel, an de Bruno, dem Anna säi Brudder, him zur Hand. Déi hätten am léifste wann dee ganze Räbbi verschwanne géif, se wëllen déi Raten éischter verdreiwen an ausreecheren, amplaz en ze hëllefen. De Bruno spillt mam Feier.

 

RATEN ass déi 14. Produktioun vum „Schankemännchen“, erëm op der aler Plaz am Prommenhaff zu Groussbus.

 

tries