Béischten

Béischten

De Jemp Schuster liest aus sengem neie Roman “Béischten”. Dëse stellt sech an d’Rei nieft seng zwéin aner Romaner Bluttsëffer (2020) an Ouereschlëffer (2021), et ass awer eng ganz nei Geschicht.

Begleet gëtt de Jemp Schuster vun der Musekerin Claire Parsons. Zanter hirem éischte Präis op de »Luxembourg Music Awards« am Joer 2019 ass d’Claire Parsons international als Jazz-Gesangsolistin, Instrumentalistin a Komponistin bekannt a gefrot.

An deem klengen Duerf Kromber geschéien an de Joren 1942 bis 1949 Saachen, déi am beschte keen dobausse gewuer gëtt. Wat anerwäerts einfach ënnert den Teppech gekiert géif ginn, läit hei nach e bësse méi déif begruewen

tries