Pinocchio – e puer Impressiounen

Pinocchio – e puer Impressiounen

Fir ofzeschléissen, e puer Impressioune vun eiser Produktioun “Pinocchio” déi tëschent dem 13. a 16. Abrëll zu Groussbus am Festsall méi wéi 800 Leit ugezunn huet.

E MERCI geet all d’Kanner, déi dat all immens gutt gemaach hunn. Et war eng Freed ze gesinn wéi si sech entwéckelt hunn, a wéi si ëmmer méi zu engem Grupp zesumme gewuess sinn. E MERCI och un all déi déi ronderëm op iergend eng Aart a Weis gehollef hunn an de Kanner esou erméiglecht hunn dës Erfarung ze maachen. E MERCI och un eise Public dee kucke komm ass. Ären Begeeschterung war iwwerwältegend an huet de Succès vun dëser Produktioun vum Kanner-Ensembel vum Schankemännchen ofgeronnt.

tries