Pippi L. – Kannertheater am Prommenhaff

Pippi L. – Kannertheater am Prommenhaff

D’Pippi Laangstrëmp oder Pippi L., wéi mir et an eisem Stéck nennen, ass dat stäerkst an dat berüümst Meedche vun der Welt. Déi schwedesch Schrëftstellerin Astrid Lindgren huet déi Figur am Joer 1945 erfonnt. An den 1960er Jore sinn dem Pippi a senge Frënn hir verréckt Geschichte fir d’éischt verfilmt ginn. 1990 war d’Astrid Lindgren och averstanen, dem Pippi seng Spiichten als BDen an als Zeechentrickfilmer erauszeginn. D’Pippi Bicher si bis haut an iwwer 80 Sproochen iwwersat ginn a gehéieren zur Weltliteratur.

Natierlech sinn och ëmmer erëm Theaterstécker no deene Virlage gespillt ginn. Déi stamen awer net aus der Fieder vum Astrid Lindgren, se inspiréieren sech just un hire Virlagen. D’Astrid Lindgren ass 2002 am Alter vu 95 Joer gestuerwen. Pippi L. ass esou ee Stéck, extra fir de Kannertheater vum Schankemännche geschriwwen. Och hei huet den Auteur Jemp Schuster sech e puer Fräiheeten erausgeholl, fir de Kanner d’Méiglechkeet ze ginn, sech zesumme mam Pippi L. hir Welt esou ze maachen, wéi se hinne gefält.

Produktioun         

Text                    

Regie                

Musek                

Kostüm               

Bün                    

 De Schankemännchen Asbl

 Jemp Schuster

Clod Thommes, Nathalie Gremling

Frank Moeller

Sophie Meyer, Annette Olinger, Henriette Hengen

Gilles Martiny a seng Opriichtekipp

Gespillt gëtt zu Groussbus op der Fräiliichtbün am Prommenhaff all Kéier um 20..00 Auer

Donneschdeg, den 18. Juli 2024

Freideg, den 19. Juli 2024

Samschdeg, den 20. Juli 2024

Sonndeg, den 21. Juli 2024

tries