Pippi L. – Eis Bün hëllt Form un

Pippi L. – Eis Bün hëllt Form un

Fräiliichttheater heescht och eng Bün op der grénger Wiss opriichten. 

De Jemp huet e Plang, de Gilles sicht d’Geschier beieneen a rifft seng Gesellen zesummen. Zanter e puer Woche gëtt all Samschden zu Groussbus am Prommenhaff drop lass gezammert, gebuert, geschrauft a gehummert. An esou erkennt ee lues awer sécher d’Villa Konterbont a säin Ëmgeréits. 

Elo feelen nach just d’Kanner. Mee déi sinn och schonn äifresch am prouwe fir esou Mëtt Juli e fantastesche Spektakel op d’Brieder ze zauberen.  

E per Andréck vun eiser Bünenekipp fann dir hei drënner. Wéi déi fäerdeg Bün dann herno ausgesäit, dat kënnt dir iech dann ab dem 18. Juli an de Prommenhaff ukucke kommen.

tries