Generalversammlung 2019

Generalversammlung 2019

D’Generalversammlung vun der Schankemännchen a.s.b.l, ass Sonndes, den 3. Februar 2019 um 17.00 Auer am Festsall zu Groussbus.

Ordre du Jour:

  • Begréissung duerch d’Presidentin
  • Aktivitéitsrapport
  • Keessebericht
  • Entlaaschtung duerch d’Keesserevisoren
  • Projet 2019
  • Verschiddenes a fräi Aussprooch

Mir hoffen all eis Memberen a Frënn an eiser Generalversammlung begréissen ze kënnen.

Anengems ginge mir iech bieden, eis är Post- a Mailadressen ze confirméieren. Dëst ass fir de Veräin ganz wichteg, well mir eis Memberslëscht wëllen a mussen aktualiséieren, fir esou di bestoend Dateschutzbestëmmungen ze respektéieren. Gitt eis wannechglift bis d’Generalversammlung oder op der Generalversammlung Bescheed, ob dir weiderhin op der Schankemännchen Memberslëscht dropstoe wëllt an op wéi eng Post- a Mailadress dir de Courrier wëllt geschéckt kréien. Mir engagéieren eis, dës Donnéeën nit un Drëttpersounen erauszeginn a benotzen se ausschliisslech fir de Schankemännchen a seng Aktivitéiten. Dir kënnt eis zréckmailen (gaby.mack @ education.lu), zréckschreiwen (De Schankemännchen, 5, rue de Rindschleiden, L-8818 Grevels) oder och gär op der Generalversammlung kontrolléieren, ob dat, wat mir am Fichier stoen hunn, nach stëmmt. Déi Leit, déi sech nit zréckmellen, huele mir no der Generalversammlung vun eisen Distributiounslëschten erof.

Villmools Merci fir är Hëllef.

tries