Di 4. Kannertheaterproduktioun ass op en Enn gaangen

Di 4. Kannertheaterproduktioun ass op en Enn gaangen

Kaum ze gleewen…25 Joer Schankemännchen leien hannert eis, e ganzt Véierelsjoerhonnert. A nawell si mir dees Theater nit midd, ganz am Géigendeel!

Schonns an de Startlächer fir eise 14. grousse Fräiliichttheater am Summer 2019 am Prommenhaff zu Groussbus, ass eis 4. Kannertheaterproduktioun elo op en Enn gaangen. Eng Produktioun quasi ganz an Eegeregie vum Schankemännchen: ugefong beim Stéck Eraussichen, Iwwersetzen an Adaptéieren, iwwert d’Inzenéierung an de Bühnebau. E bësselche professionell Hëllef hu mir eis gefrot bei de Kostümer, der Musek an der Beliichtung. Mir si frou, eng Rëtsch vun neie Leit an eiser Ekipp ze hunn, Grousser a Klenger; fräi nom Motto: Kee kann alles, awer zesumme kënne mir villes!

Di lescht Méint ware lëschteg, spannend a kreativ. Grad beim Kannertheater leeë mir Wäert drop, de Kanner a Jugendlech dräi wichteg Saache mat op de Wee ze ginn: de Courage virun 200 Leit oder méi ze schwätzen, d’Wëssen, datt een (fir sech selwer) eppes erreeche kann an d’Fäegkeet am Team ze schaffen. Et kéint een deemno behaapten, datt dat, wat vill Leit an deiere Managementseminaire léiere mussen, eis Acteure gratis op der Bühn anübe kënnen.

A wéi sot den Oscar Wilde: ‘Ich liebe es, Theater zu spielen. Es ist so viel realistischer als das Leben.’

De Comité vum Schankemännchen seet jidderengem Merci, deen eis bei dëser Editioun vum Kannertheater ënnerstëtzt a gehollef huet. Ouni di vill fläisseg Hänn ronderëm an ouni di finanziell Ënnerstëtzung vun eise Sponsore wier esou eng Produktioun nit méiglech. Ee grousse Luef geet awer och un all eis Kanner, Jugendlech an Erwuessen, déi vun Oktober un mat vill Asaz an Engagement bei de Prouwe vun ‘De Schatz vu Stëbsebuerg’ dobäi waren. Merci Iech all !

tries