Säit 1993 gëtt et de Schankemännchen zu Groussbus. Zanter engem Joer si mir Deel vun enger neier, méi grousser Gemeng – der Gemeng Groussbus-Wal. Och an där neier Gemeng wäerte mir als Schankemännchen weider eis Roll um kulturelle Plang spillen.
Den 21. September 2024 war e grousst Fusiounsfest zu Randschelt fir 1 Joer Fusioun ze feieren, zesumme mat alle Biergerinnen a Bierger aus där neier Gemeng.
Fir dass dës Bierger an all d’Invitéeë keen Honger hu misse leiden, huet d’Schankemännchen ASBL de Grill ugehäit, an en ettlech Saachen zerwéiert fir de Mo ze stäipen.