![De Prommenhaff vun uewen](http://www.schankemaennchen.lu/wp-content/uploads/2019/07/Prommenhaff_IMG_7550_comments_red.jpg)
De Prommenhaff zu Groussbus, an der Baaschtnecher Strooss op Nummer 5, ass zënter dem 26. Januar 1988 op der Lëscht vum Zousaz-Inventaire vun den nationale Monumenter agedroen. Fir déi Bousser heescht d’Baaschtnecher Strooss Broutgaass.
![](http://www.schankemaennchen.lu/wp-content/uploads/2019/07/Prommenhaff_IMG_7550_comments_red-1200x901.jpg)
Mir sinn immens frou op dësem flotte Site kënnen ze spillen. D’Gemeng Groussbus ass ee vun eise wichtegste Partner. Ouni hier Ënnerstëtzung kinnte mir dëse Spektakel net organiséieren.