Raten

Raten

Och dëst Joer organiséiert d’Ekipp vum Schankemännchen erëm zu Groussbus e Fräiliichttheater am Prommenhaff. De Jemp Schuster huet deen däitsche Klassiker “Die Ratten” vum Gerhart Hauptmann an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen an d’Stéck fir d’Fräiliichtbühn adaptéiert.

D’Viirbereedunge lafen op Héchtouren, an eng ganz Rei vun eisen treien Sponsoren hunn eis och well rem hiere Support zougesëchert.

Gespillt gëtt wi all 2 Joër am Prommenhaff zu Groussbus di 2 lescht Wochen am Juli. D’Première ass Donneschdes, den 18. Juli 2019. Weider Datumer sinn den 19.7, 20.7, 23.7, 24.7, 25.7, 26.7 a 27.7 2019.

Weider Informatiounen ëm a ronderëm eis nei Produktioun fann dir wi gewinnt hei um Site oder op eiser facebook Säit.

tries