Generalversammlung 2016

Generalversammlung 2016

IMG_4999Den 28. Februar war eis Generalversammlung wou de Comité e Réckbléck op dat vergaangent Joer gemaach huet, an awer schonns en Ausbléck gewot huet op eng Rei vu spannende Projeten déi am nächste Joer ustinn.

Vill Schankemännercher a Schankefraen haten sech och an dësem Tëschejoer zu Groussbus am Festsall afonnt, wou d’Presidentin Christiane Thommes niewent de Vertrieder vun anere Veräiner och de Buergermeeschter Armand Olinger häerzlech konnt begréissen. Nodeems d’Gaby Mack der Generalversammlung den Aktivitéitsbericht gemaach hat, konnt eis Keessiär Annick Mack ganz gutt Nouvellen annoncéieren. D’Ustrengunge vun deene leschte Méint a Joren hunn sech gelount, sou dass eis Keess lo rëm gutt gefëllt ass, an eis esou di néideg Reserve gëtt fir och an d’Zukunft de Kulturfändel zu Groussbus héich ze halen. D’Keesserevisoren hunn der Keessiär dono d’Entlaaschtung ginn an hatt felicitéiert fir di exemplaresch gefouerte Kees.

Wat eis Projete fir di nächst Saison ugeet, sou huet d’Presidentin un den Ausfluch op Köln erënnert wou mer zesummen de Musical “Bodyguard” kucke ginn. De 7 bis den 9. Oktober organiséiert de Schankemännchen en Theaterworkshop-Weekend mam René Schack, deen dann Owes och säi Programm opféiert. Da koum d’Uso dass och am Januar 2017 erëm e Kannertheater organiséiert gëtt, an dass mir am Juli 2017 e neie Fräiliichttheater-Projet uginn. Vun de Gemengeresponsabelen koum dunn och d’Zouso dass alles ging gemaach ginn dass mir och 2017 kinnten am Prommenhaff spillen.

Bei de Comitéswahlen, wou de ganze Comité austriedend war, si folgend Leit ugetrueden a fir 2 Joer gewielt ginn:

Lydie Arendt, Désirée Biver, Roger Gereke, Michelle Gleis, Nathalie Gremling, Gaby Mack, Gilles Martiny, Serge Pauly, Marc Pletschette, Tom Ries, Jemp Schuster a Christiane Thommes.

Op dëser Plaz soe mir dem Annick en décke Merci fir seng gutt Aarbecht am Comité während laange Joren. Aus zäitleche Grënn huet hatt seng Kandidatur net méi gestallt.

Bei engem gudde Patt gouf den Owend dunn auslafe gelooss.

tries