Dat wor et !

Dat wor et !

Eis Produktioun “Eng Oper fir 5 Sou” ass da lo riwwer. Traditionell gëtt Sonndes ofgeriicht. Jiddereen paakt eng Hand matt un, sou dass Owes nach just di eidel Tribün un dat erënnert wat di leschte Wochen am Prommenhaff lass war.

All deenen di zum Succès vun dëser Produktioun bäigedroen hunn hei op dëser Plaz en décke Merci: all eise Sponsoren an Annonceuren, der ganzer Regieekipp, all eisen Akteuren, eise Museker, eise Bühnentechniker, eiser Costümière, dem Serge a senger Ekipp vun On Stage Light, di ganz Catering-Ekipp, dem ganze Comité, deen iwwer e Joer un dëser Produktioun geplangt huet, an zu gudder lescht all eise ville Specateuren ouni déi dat ganzt nëmmen hallef sou schéin geweescht wier.

Dat wor et fir 2015 ! Et war vill Aarbecht, mee et war derwäert. De Schankemännchen seet Merci a gëtt Iech lo well Rendez-vous fir 2017 !

tries