Video: Wien as dann eigentlech elo de Schankemännchen ? (1993)

D’Schankemännchen a.s.b.l. ass 1993 gegrënnt ginn a krut deemols deeselwichte Numm wéi dat 1. Theaterstéck, dat Sie zu Groussbus am Prommenhaff opgefouert hunn. Et war schons eppes ganz Neies an Aussergewéinleches, wat sech Enn Juli an der Gemeng Groussbus zougedroen huet : en Historësche Festival, genannt nom ‘Schankemännchen’, enger Soëfigur aus der Buusser Geschicht.

Nom grousse Succèsss vun dem 1. Fräiliichttheater 1993 huet d’Schankemännchen a.s.b.l. sech et nit huele geloos, all 2 Joer op en Neits e Spektakel op d’Been ze stellen.

 

Hei een Réckbléck aus dem Joër 1993 aus der Generalprouf am Prommenhaff vun RTL opgeholl.

E grousse Merci eisem 1. President, dem Jemp Tholl, fir dësen authenteschen Temoignage vu fréier.

tries