- by tries
Vum 6. bis den 8. Januar 2017 ass zu Groussbus di well 3. Editioun vum Kannertheater vun eise klengen Schankemännercher.
29 Kanner tëschent 3 an 17 Joer spillen dëst Joer eist neit Stéck “Blutt oder Schockela – D’Geschicht vum klenge Vampir, dee kee méi wollt sinn”.
Säit e puer Wochen prouwen eis klenge an manner kleng Debbëssen fir Iech Ugank Januar dës Geschicht z’erzielen.
Weider Informatiounen ëm a ronderëm dëse Spektakel kommen no ! Bleiwt also um Ball a virun reservéiert Iech lo schonns de Weekend vum 6. bis den 8. Januar 2017.
Hei e puer éischt Impressiounen aus de Prouwen….