
E Sonndeg den 18. März war eis Generalversammlung, wou eng ronn 50 Memberen a Frënn vun der Schankemännchen asbl sech zu Groussbus afonnt hunn fir e Réckbléck ze maachen op dat vergaangent Joer. Et wor e Joer matt villen Aktivitéiten:
- Kannertheater “Blutt oder Schokela”
- 2 Kabaräsowender
- Raume vum Fundus
- Fräiliichttheater “De Revisör”
- Virbereedungen op eise Konveniat “25 Joer Schankemännchen”
- …
Et gouf gutt geschafft, sou dass d’Generalversammlung dem Comité och fir di nächst 2 Joer d’Vertrauen ausgedréckt huet.
Am Kader vun eiser Generalversammlung huet de Schankemännchen och der asbl “Ecole de brousse au Sénégal” (https://ebs-luxembourg.com/) e finanziellen Don vun 1.500 € iwwereeescht. De Responsablen Dan Theisen huet eis dono e kuerze Virtrag gemaach iwwer d’Aktivitéite vun der asbl.
Bei engem Patt gouf den Owend dunn gemittlech auslafe geloos.