Tri2pattes: Kabaräsowend den 12. Januar 2018

Tri2pattes: Kabaräsowend den 12. Januar 2018

Fir eise Kabaräsowend vun dëser Saison hu mir déi 3 vun Tri2pattes engagéiert.

Freides den 12. Januar 2018 um 20.00 Auer weisen di 3 vun Tri2pattes zu Groussbus am Festsall hieren neie Programm “Plakeg a mat vill Gejäiz”.

Leider dréit och des Kéier nach net alles ronn bäi hinnen. Mä éierlech, bäi wiem leeft schonn alles riicht ? Dir kennt dat dach och : méi oder manner peinlech Alldagssituatiounen, an deenen een sech ongewollt bloussgestallt spiert, an awer muss Faarf bekennen. T’ass fir ze jäizen. Mä : Nobody is perfect !

An dem Sënn invitéieren si all Betraffen op een lëschtegen an turbulenten Owend. Hei kritt definitiv all Hännes Geleeënheet fir iwwert sech selwer ze laachen…. an all déi aner dierfen si dobäi freedeg ënnerstëtzen.

Och dëse Comedy Programm ‘Plakeg a mat vill Gejäiz’ ass een ofwiesslungsräiche Mix aus flotter Musek a lëschtege Sketcher aus der eegener Fieder … An dat Ganzt och nach fir e gudden Zweck. De Benefice geet nämlech integral un d’Association EBS – Ecoles de Brousse au Sénégal Lëtzebuerg.

Reservéiert elo well är Plazen fir dëse lëschtegen Owend. Wi ëmmer beim Schankemännchen ass fir Iessen an Drénken beschtens gesuergt. De Bar ass op vun 19.00 Auer un, a mir zerwéieren Iech virun a nom Spektakel eng gutt Bouneschlupp.

Den Entrée kascht 15€. Eis Studente kommen eran fir 10€.

Reservatioun um 671 222 224

Download Flyer

 

tries