De Schatz vu Stëbsebuerg

De Schatz vu Stëbsebuerg

…sou heescht di nei Kannerproduktioun vum Schankemännchen di vum 28. bis den 30. Dezember 2018 zu Groussbus opgefouert gëtt. E puer Wuert zur Geschicht…

Do ass eng Band Kanner, déi hunn eng komme gelooss. Als Strof ginn se vun engem strenge Riichter derzou verdonnert, en ale Späicher ze raumen. Kanner um Geriicht ! Wou gëtt et dann esou eppes ? Keng Angscht, mir sinn am Theater !

Wann dee verstëbste Späicher am Ufank onheemlech an dreckeg ass, da verwandelt e sech no an no an eng Fantasiewelt. Wéi seet de Mann, deem de Späicher gehéiert : Hei uewe si vill Geschichten a vill Dreem verstoppt.

Awer wou ass de Schatz vu Stëbsebuerg ? A wat ass dat fir e Schatz ? Dat gëtt een alles gewuer, wann een zesumme mat der Theaterekipp vum « Schankemännchen » op déi fantastesch Rees geet.

Wéini ?

  1. Dezember 2018 ëm 19 Auer
  2. Dezember 2018 ëm 16 Auer
  3. Dezember 2018 ëm 16 Auer

Produktioun : De Schankemännchen asbl

Regie a Konzept : Lydie Arendt, Dominique Engeldinger, Michèle Gleis, Nathalie Gremling, Gaby Mack

Text – Iwwersetzung an Adaptatioun : Jemp Schuster

Musek : Frank Möller

Toun a Beliichtung : On Stage Light

Kostümer : Dominique Engeldinger, Annette Olinger

Zu Groussbus am Festsall

Fir grouss a kleng Kanner vu 4 bis 99 Joer

Entrée: Kanner 5€, Erwuessener 10€

Reservatioun um 671 222 224

tries