Kinnek UBU

Kinnek UBU

De Schankmännchen asbl bréngt dem Alfred Jarry säi Klassiker “Ubu Roi” zu Groussbus op d’Fräiliichtbün. Gespillt gëtt den 21., 22., 23., 26., 27., 28., 29. an 30. Juli 2022 zu Groussbus am Prommenhaff vun 21.00 Auer un. Reservéiere kënn dir är Plazen ab dësem Samschdeg 28. Mee 2022 un, dat iwwer eis Telefonsnummer 671 222 224 oder iwwer eisen Online Formular op eisem Site (Rubrik Reservatioun).

 

 

E puer Wuert zum Stéck vun eisem Regisseur Jemp Schuster:
 
 

De franséischen Auteur Alfred Jarry (1873-1907) huet am Joer 1896 den UBU ROI geschriwwen. Haut gëllt dat Theaterstéck allgemeng als den Ursprong vum absurden Theater. Et war zu där Zäit e Skandalstéck, well et mat alle Konventiounen, sief et formal, inhaltlech oder sproochlech gebrach huet.

Mir hate scho virun engem Joer ugesat, fir den UBU opzeféieren, als Jugendtheater mat eise Meedercher a Jongen. De Virus war dergéint. Schonn deemools louch dat Stéck mer um Häerz, well iwwerall op der Welt déi nei UBUEN aus de Lächer gekroch sinn. An Amerika, a Brasilien a China oder an der Tiirkei. Et sollt nach schlëmmer kommen.

Wéi ech den Text vum KINNEK UBU fir den Ensembel vum  Schankemännchen iwwersat an adaptéiert hat, ass e mer onheemlech aktuell virkomm. Mat Betounung op onheemlech. Dee fiktive  Personnage ass batter Realitéit ginn. En Diktator, wéi een sech en eigentlech an eisen Zäiten net méi wollt virstellen, ass aus sengem Lach gekroch. E schléit ëm sech a féiert d’Welt un de Rand vun der Apokalyps.

Den Alfred Jarry huet den UBU an deem Deel vun Europa ugesiddelt, deen haut erëm am Mëttelpunkt vun der Kris steet. An der Ukrain, a Russland an a Polen. De PAPPA UBU, wéi en och nach genannt gëtt, rappt sech alles ënnert den Nol, säin Haaptzil ass, dat seet e selwer, sech onheemlech ze beräicheren.

Dee brutalen Typ huet näischt an der Schierbel, en ass awer iwwerzeegt, datt hien zu eppes Gréisserem beruff ass. E léisst sech vun der MAMMA UBU manipuléieren a vu senge Matleefer honoréieren. Wann et em un den décke Pelz geet, gëtt e fromm an e rifft déi Helleg ëm Hëllef. Um Enn steet e virun de Ruine vu sengem onsënnege Wierken a verschwënnt op engem Schëff, wéi wann dat alles nëmmen en Dram oder eng grouss Farce gewiescht wier.

Wann d’Realitéit amgaang ass d’Fiktioun ze iwwerhuelen, duerf een dann nach doriwwer laachen? Ech mengen esouguer, et muss een dat maachen. Mir kënnen dee putinisteschen UBU net stoppen, mir kënnen e just mat eise Mëttele lächerlech maachen. D’Satir an den Humor sinn eis Waffen.

Wann ee seet, mir wieren de Moment an enger ubuesker Situatioun, da weess jidderee wat gemengt ass.

tries