Gëschter war Première vum Kinnek UBU

Gëschter war Première vum Kinnek UBU
Kinnek UBU. Gëschter war d’Première. An déi ass gegléckt.
 
Di nei Produktioun “Kinnek UBU” ass absurden Theater. Fräi nom Alfred Jarry sengem Roi UBU bréngt de Jemp Schuster dëse Spektakel vun 1896 op d’Fräiliichtbün. Et ass geckeg, et ass anescht, et ass witzeg, et ass faarweg, et ass aktuell, a nach vill méi…. Loosst iech drop an a genéisst e schéinen Owend zu Groussbus am Prommenhaff.
 
Mir spille nach 7 mol. Haut a muer an di nächst Woch vun Dënschdes bis Samschdes, all Kéier um 21.00 Auer zu Groussbus am Prommenhaff. Maacht iech bäi, et gëtt enk !

tries