Och ronderëm gëtt vill geschafft

Och ronderëm gëtt vill geschafft

Éier eis Spectateuren op der Tribün kënne Plaz huelen an éier de Riddo ka falen, muss sou Munches ronderëm geschéien. Dacks gesäit een net wat hannert esou enger Produktioun stécht. D’Kostümer musse gebutt ginn, di lescht Retouchen op der Bühn gi gemaach, d’Luuchten ginn installéiert an ausgeriicht, d’Tribüne ginn installéiert, de Cateringberäich gëtt opgeriicht, de Sall muss dekoréiert ginn… Et ass scho vill geschitt am Prommenhaff, a mir si frou och dëst Joer ëm di 3.000 Leit zu Groussbus kënnen ze begréissen.

 

tries