Den Direkter ouni Theater

Den Direkter ouni Theater

Den Theaterdirekter August Faxmeier ass zu Héijerem beruff. Dovunner ass hien iwwerzeegt. Just huet hie grad keen Theater méi, well deen engem Parkhaus huet misste Plaz maachen. Lo sëtzt hien um Duerf, an den Iwwerreschter vum Hotel Bon Repos, eng Tëscheléisung ganz bestëmmt. Säi ganze Stolz ass säi Fundus mat sengen historesche Kostümer. Dee konnt hie nach retten. An elo waarden all di Kostümer zesumme mam Theaterdirekter op besser Deeg. Seng Assistentin Anna Hannersteen hellt him dee Fundus an der Rei.

 

Hee schwiert op klassesch Theaterstécker. Hien hellt näischt vun deem neimoudesche Schrott. D’Leit wëllen Helde gesinn: den Tell, den Caesar, den Don Quixote…. De Misär an d’Ënnerschicht hunn näischt op enger Theaterbühn verluer.

Hee prouft an dësem Hotel mat senge Schauspillstudente fir virbereet ze si wa besser Zäite kommen. D’Ausgesinn ass op mannst sou wichteg wéi d’Talent !

tries