Reservéiert är Plazen fir “de Revisör” ab dem 1. Juni 2017

Reservéiert är Plazen fir “de Revisör” ab dem 1. Juni 2017

“De Revisör”, eng russesch Grotesk vum Nikolai Gogol, an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen an inszenéiert vum Claude Mangen: Sou heescht di nei Fräiliichtproduktioun vum Schankemännchen déi dir Iech kënnt tëschent dem 20. Juli 2017 an dem 29. Juli 2017 all Kéier um 20.30 Auer am Prommenhaff zu Groussbus ukucke kommen.

Dir kënnt Är Plazen ab dem 1. Juni 2017 reservéiren iwwer Telefon (671 222 224) oder direkt iwwer eisen Internetsite. All weider Informatioune fann Dir op der Säit “Reservatioun”.

tries