De Prommenhaff

Zanter 1993 spillt de Schankemännchen am Prommenhaff zu Groussbus

Catering

Bei all eisen Evenementer ass fir Iessen an Drénke gesuergt. Hei schaffe mir matt eise Partner zesummen fir iech de Mo ze stäipen.

Reservatiounen

All Informatiounen iwwer d'Reservéieren vun äre Plazen bei eisen Evenementer.

Kontakt

Bei Froën oder soss Ureegungen, zéckt nit eis ze kontaktéiren.

Logo Schankemaennchen vect
Neies

Tri2pattes zu Groussbus

Di 3 komesch Kauzen vun Tri2pattes, dat sinn d’Sonja Schmitz, den Änder Thill an den Dan Theisen. Dass bei hinnen net alles ronn dréit gesäit een op den éischte Bléck.

weider liesen
Neies

Ofgesot

Aus deene bekannte Grënn, musse mir eise Kannertheater vun dësem Joer leider ausfale loossen. Och eisen Owend mam Ensembel Tridespattes vum 8. Januar 2021 fält an d’Waasser.

weider liesen
News

Autopsy zu Randschelt

De Schankemännchen invitéiert iech all Freides Owes den 22. November 2019 um 20.00 Auer op Randschelt an d’Scheier vum Musée Thillenvogtei fir dem Michèle Turpel säi neie Soloprogramm “Autopsy” kucken

weider liesen
Raten

E staarkt Stéck

D’Monique Mathieu vum Lëtzbuerger Journal war op Groussbus komm an huet sech eise Spektakel ugekuckt. Hie kënn Dir d’Kritik noliesen déi den 23. Juli an hierer Zeitung publizéiert gouf.

weider liesen
News

Reservatioun – Update

All eis Virstellunge si sou gutt wéi ausverkaaft.

Et bleiwe just nach e puer Plaze Rescht. Mir kënne leider keng Online Reservéirerunge mi unhuelen.

Fir all Ufro muss dir op eis Reservatiounsnummer 671 222 224 uruffen.

Merci fir Äre Versteesdemech !

weider liesen
News

De Prommenhaff vun uewen

De Prommenhaff zu Groussbus, an der Baaschtnecher Strooss op Nummer 5, ass zënter dem 26. Januar 1988 op der Lëscht vum Zousaz-Inventaire vun den nationale Monumenter agedroen. Fir déi Bousser

weider liesen

Kaum ze gleewen…30 Joer Schankemännchen leien hannert eis, iwwert e Véierelsjoerhonnert. A nawell si mir dees Theater nit midd, ganz am Géigendeel !

Christiane Thommes-Bach

Presidentin vun der asbl de Schankemännchen

de Schankemännchen

D’Schankemännchen a.s.b.l. ass 1993 gegrënnt ginn a krut deemools deeselwechten Numm wéi dat 1. Theaterstéck, dat mir zu Groussbus am Prommenhaff opgefouert hunn. Et war schonns eppes ganz Neies an Aussergewéinleches, wat sech Enn Juli an der Gemeng Groussbus zougedroen huet...

5, rue de Rindschleiden,
L-8818 Grevels

671 222 224