Raten

Och dëst Joer organiséiert d’Ekipp vum Schankemännchen erëm zu Groussbus e Fräiliichttheater am Prommenhaff. De Jemp Schuster huet deen däitsche Klassiker “Die Ratten” vum Gerhart Hauptmann an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen an d’Stéck fir d’Fräiliichtbühn adaptéiert.

Ofgesot

Aus deene bekannte Grënn, musse mir eise Kannertheater vun dësem Joer leider ausfale loossen. Och eisen Owend mam Ensembel Tridespattes vum 8. Januar 2021 fält an d’Waasser.

Autopsy zu Randschelt

De Schankemännchen invitéiert iech all Freides Owes den 22. November 2019 um 20.00 Auer op Randschelt an d’Scheier vum Musée Thillenvogtei fir dem Michèle Turpel säi neie Soloprogramm “Autopsy” kucken…

E staarkt Stéck

D’Monique Mathieu vum Lëtzbuerger Journal war op Groussbus komm an huet sech eise Spektakel ugekuckt. Hie kënn Dir d’Kritik noliesen déi den 23. Juli an hierer Zeitung publizéiert gouf.

Reservatioun – Update

All eis Virstellunge si sou gutt wéi ausverkaaft.

Et bleiwe just nach e puer Plaze Rescht. Mir kënne leider keng Online Reservéirerunge mi unhuelen.

Fir all Ufro muss dir op eis Reservatiounsnummer 671 222 224 uruffen.

Merci fir Äre Versteesdemech !