Tëppel an Tun – Merci fir eng onvergiesslech Rees
Mat Tëppel an Tun geet fir eis eng ganz besonnesch Theaterrees op en Enn. Iwwer vill Méint hu Kanner, Jugendlecher an dat ganzt Betreierteam mat vill Leidenschaft, Asaz a Freed un dësem Stéck geschafft. Vu den éischte Prouwen iwwer d’Kulissen, d’Kostümer an d’Musek bis bei déi lescht Detailer – jiddwereen huet säin Deel dozou bäigedroen, fir dës Geschicht op eis Bün zum Liewen ze erwächen.
D’Geschicht vum Tëppel an dem Tun, déi op Erich Kästners Pünktchen und Anton zeréckgeet, huet eis matgeholl an eng Zäit voller Géigesätz, awer och voller Frëndschaft, Courage an Häerz. Et war eis eng Freed, dës Geschicht an eiser eegener Versioun mam Publikum ze deelen.
Dass all eis Virstellunge komplett ausverkaf sinn, ass fir eis déi schéinste Unerkennung. Ären Interessi, Ären Applaus an déi vill flott Réckmeldunge bedeite eis immens vill. Si sinn déi gréisst Belounung fir all déi Zäit an Energie, déi hannert esou enger Produktioun stécht.
Mir soen dofir aus voller Iwwerzeegung Merci – un eise Publikum, un eis Sponsoren, un all déi fräiwëlleg Hänn hannert der Bühn an natierlech un eis Spillerinnen a Spiller, déi dëst Stéck mat Talent, Begeeschterung a vill Engagement gedroen hunn.
An och wann de Rideau sech elo fir Tëppel an Tun schléisst, ass dëst net den Enn, mee éischter den Ufank vun engem neie Kapitel. D’Erënnerungen un dëst flott Theaterjoer wäerte nach laang bleiwen, an am Hannergrond lafen déi éischt Iddien fir dat nächst grousst Projet schonn un.
Mir freeën eis elo schonn, Iech an engem Joer erëm an eisem Sall begréissen ze kënnen, wann eis grouss Spillerinnen a Spiller nees op d’Bün klammen an eng nei Geschicht zum Liewe erwächen.
Bis dohinner soen mir nach eng Kéier: Villmools Merci – a bis geschwënn am Theater!
