Lo ass alles “Bei der Däiwel”

Dat war bei der Däiwel. Di 17. Fräiliichtproduktioun vun der Schankemännchen ASBL. Mir sinn immens frou dass och dëst Joer esou vill Leit de Wee op Groussbus fonnt hunn. Nei a bekannt Gesiichter, aus allen Ecken aus dem Land, déi mir zu Groussbus am Prommenhaff wärend deenen 2 Woche konnte begréissen. 8 gelonge Virstellungen, zefridde Gesiichter, vill flott Diskussioune virun an no de Spektakelen. Wat wëll ee méi. 

Mat enger klenger Retrospektive iwwer eis Dernière, wou deen traditionellen Dernières-Geck um Uschloss vun der Virféierung, net därf feelen, wëlle mir hei op dëser Plaz jidderengem MERCI soen, deen eis ënnerstëtzt huet. Eiser Regie-Ekipp, den Techniker, der Opriicht-Ekipp, eise Museker, eise Kostümièren, de Coiffeusen an der Schmink-Ekipp, den Acteuren, all deene Leit déi ronderëm eng Hand mat ugepaakt hunn, eise Sponsoren a virun allem eisem treie Publikum. 

Lo gëtt ë bësse gerascht an dann si mir sécher dass mir eis all an 2 Joer erëm gesinn. 

Fotoen: Mireille Gereke-Pletschette

tries