Pinocchio

Pinocchio

De Pinocchio vum Carlo Collodi ass eng al Geschicht, ëm d’Joer 1880 an Italien entstanen. Kënne mer haut, wou jidderee mat sengem Handy um Ouer dorëmmer leeft, nach eppes mat enger klenger Holzpopp ufänken? Dat probéiert de Kannertheater vum Schankemännchen erauszefannen. Wat gëtt et Schéineres, wéi sech am Theater an eng Fantasiewelt entféieren ze loossen!

De Pinocchio fält dem Schräinermeeschter Geppetto souzesoen an de Schouss. Déi hëlze Popp gëtt lieweg. De Pinocchio ass keen, dee brav um Stull sëtzebleift. Hien ass iwwerzeegt, datt en alles kann. Op sengem Wee, vun der Popp zum Mënschekand, muss e Léiergeld bezuelen.

E gëtt Artist am Zirkus, e soll d’Hénger um Bauerenhaff hidden, e begéint dem schlamme Fuuss an dem blanne Kueder, déi en iwwert d’Ouer haen. Wann e guer net méi aus an a weess, da kënnt d’Fee mat de bloen Hoer him hëllefen. Se weist em de Wee bei d’Mier, wou den Geppetto op e waart. Do schwëmmt awer nëmmen e grousse Wal.

 Dee wäert säi Papp dach net ofgeschléckt hunn?! Elo muss de Pinocchio all säi Courage zesummenhuelen.

 

Notéiert iech elo schonn di 3 Datumer ! Mir spillen de 14. a 15. Abrëll um 19.00 Auer an de 16. Abrëll um 16.00 Auer (sold out !) all Kéiers zu Groussbus am Festsall !

Begleet de Pinocchio op sënger fantastescher Rees a genéisst och virdrun an dono eng flott Zäit mat eiser Kannerekipp ronderëm e gudde Patt an eppes fir ënnert d’Knäpp.

Eis Virstelllung si leider schonn ausverkaft. Fir eis Generalprouf vum 13. Abrëll um 19.00 Auer si nach vereenzelt Plazen ze kréien. Telefon 671 222 224 !

si

Merci all eisen Sponsore fir hir Ënnerstëtzung !

tries