Ech sinn e Gurmang a Genéisser…

Ech sinn e Gurmang a Genéisser…

Eis 2 Restauranten zu Groussbus, d’Pizzeria “Papa e Citu” an de Ristorante italiano “Beim Abruzzebier” machen sech eng Freed draus fir Iech virum Spektakel ab 18.00 Auer e Menü ze zerwéieren. Sou kënn dir ganz relax Iech virum Theater stäerken a sidd sëcher ëm 20.30 Auer op der Tribün ze sëtzen. Beim Abruzzebier proposéieren d’Athena an de Pepe, niewent hirer traditioneller Kaart, och e spezielle Revisör-Menü. Loosst iech iwwerraschen….

Doniewent hutt Dir och bei eis um Site selwer d’Méiglechkeet Iech, virun a nom Spektakel, bei eiser Grillekipp ze stäerken.

 

 

tries